|
|
Häerzlech Wëllkomm op menger Websäit iwwer Neurolanguage Coaching™ a Lëtzebuergesch coachen amplaz z'ënnerriichten.
Mäin Numm ass Tania Hoffmann, ech sinn zertifizéiert Lëtzebuergeschléierin, unerkannt vum Lëtzebuerger Ministère de l'Education an och zertifizéierten Neurolanguage Coach™, unerkannt vun der ICF.
Neurolanguage Coaching™ verbënnt Coachingmethode mat neuro-wëssenschaftleche Grondlage fir en optiméiert Léieren.
Dës Method schaaft eng exzellent Erfarung an erlaabt Iech méi einfach a méi séier ze léieren, an déi geléiert Inhalter méi séier a besser ze festegen.
Duerch d'Wëssen, wéi eist Gehir léiert a verhält, ënnerstëtzen, assistéieren a leeden ech Iech duerch Är Léierexperienz an dat an enger ganz frëndlecher a roueger Atmosphär.
Mir schaffen als Team zesummen, erschaffen zesummen d'Ziler, déi Dir am Lëtzebuergesche braucht oder erreeche wëllt, an Dir verbessert Iech an der Sprooch wärend de Coachinggespréicher.
Mat dëser Method fillt Dir Iech ënnerstëtzt an de Léierinhalt ass 100% op Iech an Är Ziler personaliséiert.
Et ginn Eenzelsessiounen ugebueden, entweder a Präsenz oder iwwer Skype, oder a klenge Gruppe vu maximal 4 Persounen.
Zéckt net Iech bei mir ze mellen, wann Dir nach Froen hutt oder weider Informatioune wëllt hunn.
thoffmann@letz-coach.lu
|
|